En Expert an der Konstruktioun

Verfollegt a geréiert d‘Chantieren

Eis Firma assuréiert d’Gestioun an de Suivi vun de Baustellen. Et ass ëmmer héichqualifizéiert an erfuerent Personal, dat d’Verantwortung fir de Chantier ze geréieren huet.

Baubetreiung fir d’Baustellen

Op en erfuerenen a qualifizéierte Bauleeder vertrauen ze kënnen, ass e Virdeel fir all Baustell, besonnesch fir de Bau vu Wunnhaiser, wou de Keefer säi Kapp a Rou leeë kann.

D‘Gestioun vum Chantier enthält Folgendes:

  • d‘Virbereedung vum Chantier ewéi och d’Aspekter vun der Sécherheet;
  • de Planning an den Interventiounskalenner vun den Handwierker;
  • d’Koordinatioun tëschent de verschiddenen Handwierker;
  • de Suivi vum Virukommen am Respekt vun de Fristen;
  • d’Kontroll- an d’Ofhuelen vun den Aarbechten;
  • d’Iwwergi vun de Schlësselen.