Wat fir ee Wäert huet Är Immobilie?

Eng Expertise froen

Eng Expertise vun enger Immobilie duerch WPS erlaabt Iech eng Estimatioun vum réelle Wäert vun Ärer Immobilie ze kréien.

Eng Immobilie schätzen ze loossen ass noutwenneg fir se fir dee richtege Präis an de Verkaf ze ginn oder fir de Maartwäert ze kennen, am Fall vun enger Hypothéik, zum Beispil.

De Wäert vun enger Immobilie kennen

Fir de Wäert vun enger Immobilie ze schätzen, berücksichtegt eisen Immobilienexpert ënnerschiddlech Kritären:

  • déi geografesch Lag vun der Immobilie;
  • d‘Konstruktiounsjoer;
  • d’Energieklass vum Gebai;
  • den allegemengen Zoustand an den Ënnerhalungszoustand;
  • déi technesch, steierlech an urbanistesch Aspekter;

Den Expert erstellt ëmmer en objektive Bericht a mécht alles fir onofhängeg vun de Parteien ze bleiwen, déi hie geruff hunn.

Eis Entreprise kann Iech och vill Rotschléi ginn op all Froe betreffend Immobilien. Kontaktéiert eis, fir e Rendez-vous ze fixéieren.