* * *

| Url | https://www.wps.lu/servicer/expertise-vun-immobilien/ |
| --- | --- |
| MetaTitle | Expertise vun Immobilien - Immobilieservicer - WPS Constructions |
| --- | --- |
| MetaDescription | Expertise vun Immobilien. Immobilieservicer vun der Firma WPS Constructions zu Schieren. Lëtzebuerg. Promotioun. Bau. Verkaf a Locatioun vun Immobilien |
| --- | --- |

Servicer

			
# Expertise vun Immobilien

	
	
![Expertise vun Immobilien - Servicer](/thumbnails/104652-1000-600-Crop.jpg)

## Wat fir ee Wäert huet Är Immobilie?

					
Eng Expertise froen
				
				
Eng **Expertise vun enger Immobilie** duerch WPS erlaabt Iech eng Estimatioun vum **réelle Wäert vun Ärer Immobilie** ze kréien.

Eng **Immobilie schätzen ze loossen** ass noutwenneg fir se fir dee richtege Präis an de Verkaf ze ginn oder fir de **Maartwäert** ze kennen, am Fall vun enger Hypothéik, zum Beispil.


### De Wäert vun enger Immobilie kennen

Fir de **Wäert vun enger Immobilie** ze schätzen, berücksichtegt eisen Immobilienexpert ënnerschiddlech Kritären:

- déi geografesch Lag vun der Immobilie;
- d‘Konstruktiounsjoer;
- d’Energieklass vum Gebai;
- den allegemengen Zoustand an den Ënnerhalungszoustand;
- déi technesch, steierlech an urbanistesch Aspekter;
- …

Den **Expert** erstellt ëmmer en objektive Bericht a mécht alles fir onofhängeg vun de Parteien ze bleiwen, déi hie geruff hunn.

[Eis Entreprise](/firma/) kann Iech och vill Rotschléi ginn op[all Froe betreffend Immobilien](/servicer/berodung-a-verkaf/). Kontaktéiert eis, fir e [Rendez-vous ze fixéieren](/kontakteiert-eis/).